Eldoradio Exklusiv - 03. MeeHannah Grace - Praise You

"Praise You" ass een 90er-Joeren-Hit vu Fat Boy Slim. Vru kuerzem huet d'Newcomerin Hannah Grace eng Cover-Versioun dovun eraus bruecht.

Leschten Update: 03.05.2017, 14:57:56

Fakten

D'Hannah Grace ass eng jonk Sängerin a Songwriterin aus England. Bekannt gouf hatt duerch seng Support-Tour mam Gabrielle Aplin. Ausserdeem war fir d'Gabrielle als Background-Sängerin aktiv. Seng nei Single ass eng Cover-Versioun vum Fatboy Slim-Hit "Praise You".

Fréier Hits

D'Hannah Grace ass nach zimlech onbekannt. Mat senger Cover-Versioun vum Klassiker "Praise You" huet d'Sängerin awer lo sou iwwerzeegt, dass d'Lloyds Bank decidéiert huet, d'Single fir hir nei Publicitéitscampagne ze benotzen.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rae Morris, Lissie

Lauschtert eran: