
„Hello Hello“ ass eng Indiepopnummer gouf vum Mike Crossey, deen och scho mat The 1975 zesumme geschafft huet. Zu Los Angeles gouf den Track bannent just e puer Stonnen opgeholl. Liicht an onbeschwéiert kënnt d'Single dohir.
Fréier Hits
Wann et ëm melodiéis Popmusek geet déi kléngt wéi aus den 80er, dann ass op de Pop-Quintett Fickle Friends aus Brighton, England Verlooss. Do sinn d'Sängerin Natassja Shiner, de Gitarrist Chris Hall, de Keyboardler Jack Wilson, de Bassist Harry Herrington an de Batteur Sam Morris doheem. Si selwer bezeechnen hire Sound selwer als „80er New-Wave-Pop“. Dëse Summer kënnt hiren Debütalbum eraus, an domat kéinten si a ganz Europa bekannt ginn.
Aussergewéinleches:
D'Sängerin Natti Shiner huet sech fir de Release vum Lidd ee kléngen Telefon op den Aarm tätowéiere gelooss.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Blossoms, Chvrches, Dan Croll
Lauschtert eran: