Eldoradio Exklusiv - 05. MeeKasabian - You're In Love With A Psycho

Kasabian presentéieren déi 1. Single aus dem neien Album "For Crying Out Loud"

Leschten Update: 06.05.2017, 06:56:37

Fakten
Dëse Freideg bréngt di britesch Indierock-Band Kasabian hiren neien 6. Album "For Crying Out Loud" eraus. Dorop ass och hir nei Single „You’re In love With A Psycho“.

Fréier Hits
Vrun allem an hirer britescher Heemecht haten Kasabian e puer Hits: Éischten Hit war "Club Foot" aus dem Joer 2004, dono koumen nach Chartssingelen wéi "Where Did All the Love Go?" an "Fire".

Aussergewéinleches:
Een zimleche  Shitstorm hu Kasabian erlieft, wéi si de Video zum Song "You’re In Love With A Psycho" presentéiert hunn. Ee briteschen Interesseverband mam Numm "Time to Change" hat net just e Problem mam Wuert "Psycho", mee huet och de Contenu vum  Clip äusserst onpassend fonnt. "Time to Change" wëllt géint d'Diskriminéierung vu Mënschen mat psycheschen Erkrankungen virgoen.  Dobäi huet d'Associatioun awer all Sënn fir Humor verluer: Kasabian hir Parodie op den Alldag in enger Psychiatrie ass nämlech selbstironesch ze verstoen. Kasabian maachen hei de Geck mat hirem Rockstar-Image.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kings Of Leon, The White Lies, The Killers

Lauschtert eran: