
Di jonk Multiinstrumentalistin Natasha Sultana gëtt de Moment a senger australescher Heemecht als "next big thing" gefeiert. Den Hype ëm di 21 Joer al Sängerin ass total berechtegt. D'Multiinstrumentalistin liwwert a senge Lidder, déi hatt mat Hëllef vun sougenannte Loopstations zesumme baut, eng Mëschung aus Rock, Folk a Reggae
Fréier Hits
Ee wichtegen Deel hannert der Success Story ass seng Geschicht. Hatt bezeechent sech selwer als fréier drogesüchteg - bis hatt dann mat 17 Joer eng Therapie gemaach huet. D'Musek huet hatt eegenen Aussoen no gerett. Aus der Psychiatrie ass et dunn eraus op d'Stroosse vu Melbourne gaangen. Do huet hatt jorelaang seng Suen als Stroossemusekerin verdéngt an huet zejoert domat ugefangen, a senger Stuff Videoen vu senge Livesessions ze dréien. Seng "Live Bedroom Recording"-Clips goufen an de sozialen Netzwierker ëmmer weider gedeelt. Dono ass et ganz séier gaangen : Seng 1. EP "Notions" huet et op Platz 8 vun den australeschen Charts gepackt, seng Concerten sinn mëttlerweil ausverkaf. Dëst Joer kënnt d'Tash Sultana live op de FFYS.
Aussergewéinleches:
D'Tash Sultana mécht et wéi den Ed Sheeran. Deen ass jo och bekannt ginn als “One-Man-Band“, deen op der Bühn all Instrument selwer aspillt an sech sou laang loopt, bis e wéi eng ganz Band kléngt. Och d'Tash Sultana verkeeft op dës Art a Weis grouss Halen a sengem Heemechtsland Australien aus.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Gipsy and the Cat, Big Scary, Pnau
Lauschtert eran: