Eldoradio Exklusiv - 10. MeeImagine Dragons - Thunder

Nom Titel "Believe" sinn Imagine Dragons zréck mat enger weiderer Single

Leschten Update: 10.05.2017, 05:14:01

Fakten
Di US-amerikanesch Indie-Rock-Band Imagine Dragons vu Las Vegas verbënnt Rock mat Pop. Zanter hirem Duerchbroch am Joer 2012 waren di US-Amerikaner regelméisseg an den Charts. Leschten Hit war Ufank vum Joer den Titel “Believer“. Elo kënnt mam Titel "Thunder" di 2. Single dëst Joer.

Fréier Hits
Am Joer 2012 ass Imagine Dragons mat de Singelen “It’s Time“ a “Radioactive“ de groussen Duerchbroch gelongen. Dono koumen mat “Demons“ an “On Top Of The World“ 2 weider Welthits.

Aussergewéinleches:
Fir hir nei Single “Thunder“ hu sech di 4 Jongen eppes Besonnesches afale gelooss, wat manner a Richtung Rock geet. Si benotzen nämlech déi momentan sou beléiften gepitchten Vocal-Chops, déi een am sougenannten Future Pop erëm fënnt. De Refrain gëtt net vum Sänger gesongen, mee als éischt vun enger gepitchter Stëmm iwwerholl, déi ëmmer nees d'Wuert “Thunder“ a verschiddenen Tounhéichten nennt. Natierlech kënnt spéider och de Frontsänger mat dobäi.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bastille, One Republic, Nothing but Thieves

Lauschtert eran: