Eldoradio Exklusiv - 11. MeeMarteria - Das Geld Muss Weg

De Marteria presentéiert déi 2. Single aus sengem neien Album "Rosswell"

Leschten Update: 12.05.2017, 08:35:14

Fakten
Enn Mäerz huet de Marteria sech zréck gemellt mam Titel "Aliens", déi 1. Single-Auskopplung aus sengem neien Album, deen den 26. Mee eraus kënnt. Op YouTube verbucht säin Song "Aliens" schonn 1,3 Milliounen Klicks. Elo huet hien mam Titel "Das Geld muss weg" eng weider Single aus dem neien Album virgestallt.

Fréier Hits
"Lila Wolken" aus dem Joer 2012 war säin  éischten groussen Hit- Plaz 1 an den däitschen Charts. Dono koumen mat Lidder wéi Kids (2 Finger an den Kopf) an OMG! weider erfollegräich Singelen no.

Aussergewéinleches:
"Genéisst äert Liewen, gitt är Suen aus, lieft den Dag an denkt net drun, wat muer ass"- dat ass de Message am Marteria sengem neiem Track. Am Titel "Das Geld muss weg" stécht allerdéngs duerchaus och ee gesellschaftskritesche Message, wou de Rapper op finanziell Ongerechtegkeet an de Stellewäert vum Geld an der Gesellschaft opmierksam mécht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sido, SDP, Genetikk

Lauschtert eran: