Eldoradio Exklusiv - 12. MeeFelix Jaehn - Hot 2 Touch

De Felix Jaehn kënnt den 19. Mee fir een Show-Act live op Lëtzebuerg. Ticketen ginn et exklusiv bei Eldoradio ze gewannen!

Leschten Update: 14.05.2017, 09:38:41

Fakten
Ganzer 2 Joer huet den Hamburger DJ Felix Jaehn zesumme mam Londoner Produzent Hight an dem amerikanesche Sänger Alex Aiono u senger neier Single geschafft. Dëse Freideg ass "Hot 2 Touch" eraus komm a kéint fir Dance-Fans de Summer-Hit vum Joer ginn!

Fréier Hits
De Felix Jaehn ass schonn zanter sengem 16. Liewensjoer als DJ ënnerwee. Just e puer Joer méi spéit gouf deen haut 22 Joer ale Museker weltberühmt - duerch säi Remix vum Titel "Cheerleader", deen am Original vum jamaikanesche Sänger OMI staamt. Seng 2. Single "Ain't Nobody (Loves Me Better)" huet de Felix Jaehn mat der britescher Popsängerin Jasmine Thompson opgeholl. De Song gouf e groussen internationalen Erfolleg a war an der House Szene de Summerhit 2015. Zesumme mat der finnescher Sängerin Alma koum d'lescht Joer deen nächste Mega-Hit. D'Singe "Bonfire" ass e weideren Ouerwuerm.

Aussergewéinleches:
2 Joer soll de Felix Jaehn u senger neier Single geschafft hunn – ongewéinlech laang fir ee modernen Hit. Mee d'Waardezäit soll sech fir d'Fans rentéieren. Well déi kënne sech op ee funkege Summer-Hit freeën. Den Felix jahen huet hei den amerikanesche YouTube-Star an Hit-Sänger Alex Aiono an de briteschen DJ Hight mat an d'Boot geholl.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Feldt, Lost Frequencies, Robin Schulz

Lauschtert eran: