
De grousse musikaleschen Duerchbroch sollt fir de briteschen Newcomer Jacob Banks net méi laang op sech waarde loossen. Säin neisten blueseg-soulegen Track „Chainsmoking“ hannerléisst op alle Fall ee gudden Androck. D'Lidd staamt iwwregens vun senger aktueller EP „The Boy Who Cried Freedom“. Den Titel handelt dobäi vun enger schiedlecher Léift, déi trotz allem süchteg mécht.
Fréier Hits
De britesche Singer/Songwriter Jacob Banks gouf an de leschte Joeren mat sengem eenzegaartege Mix aus Vintage- a Contemporary-Soul bekannt. 2011 huet hien d'Are You In-Adidas Competition gewonnen an gouf doropshin vum etabléierte Museker Plan B gecoacht. 2012 huet hien ënnert dem Titel „The Monologue“ seng 1. EP eraus bruecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rag'n'Bone Man, Tom Grennan, Kwabs
Lauschtert eran: