
Mat “Want You Back” gëtt et vun der Girlgroup déi éischt Single zanter 2 Joer. D'Lidd bréngt eis de kalifornesche Summer op Lëtzebuerg.
Aussergewéinleches:
Schonn ier di 3 Schwësteren d'Band Haim gegrënnt hunn, hunn si zesumme Musek gemaach. An zwar zesumme mat hiren Elteren. D'Familljeband huet “Rockinhaim” geheescht. 2006 hunn d'Schwësteren sech musikalesch vun den Elteren lass geléist, si hunn den “Rockin” am Numm ewech gelooss a sinn elo just nach Haim.
Fréier Hits
Enn 2012 goufen di 3 Schwësteren mat hirer Single "Forever" bekannt. D'Virnimm: Danielle, Alana an Este, de Familljennumm: Haim. 2013 koum den Debütalbum “Days Are Gone” an dono ënner anerem eng Tour mam Taylor Swift.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lorde, Lykke Li, MO
Lauschtert eran: