Eldoradio Exklusiv - 19. MeeJonas Blue Feat. William Singe - Mama

Den Jonas Blue spillt den 3. Juni als Headliner um Tropical Mountain Festival am Saarland

Leschten Update: 19.05.2017, 05:06:02

Fakten
De britesche Sänger Jonas Blue presentéiert mam Titel „Mama“ eng Zesummenaarbecht mam australesche Sänger William Singe. Besonnesch geet et bei "Mama" dorëm, keng wëll Partynuecht ze bereien. Passend dozou fällt och de Sound op "Mama" aus. Tropical House trëfft op Pop-Elementer an de Gesang vum William Singe.

Aussergewéinleches:

De William Singe ass an Europa nach net wierklech bekannt. Op YouTube allerdéngs schonn. De Sänger kënnt aus Australien, heescht eigentlech Liam Anthony Singe an huet op YouTube bal zwou Milliounen Abonnenten. Seng Video'en hunn insgesamt bal 300 Milliounen Streams. D'Opmierksamkeet huet sech am Ufank vrun allem duerch Cover-Versiounen generéiert.

Fréier Hits
De briteschen DJ a Produzent Jonas Blue hat mat senger Debütsingle, der Covernummer „Fast Car", a ganz Europa een Hit.  D'Single huet sech gläich an e puer Länner an den Top 10 vun den Charts plazéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Mike Perry, Felix Jaehn, Martin Jensen

Lauschtert eran: