
De Roméo Elvis ass ee jonke Rapper aus der Belsch. Seng ganz Familljememberen si Kënschtler. Säi Papp ass Sänger a seng Mamm Komödiantin, a seng Schwëster Sängerin a Pianistin.
Aussergewéinleches
Wéi de Roméo Elvis éischt Lidder eraus bruecht huet, huet hien parallel dozou nach als Caissier an engem Supermarché geschafft, Trotz engem éischte Succès, konnt hien nach net vun der Rapmusek eleng liewen. Réischt wéi seng Single "Bruxelles arrive" eraus komm ass, an ee grousse Succès gouf, huet hien decidéiert sech ganz op d'Musek ze konzentréieren.
Fréier Hits
2015 huet de Roméo Elvis seng éischt EP "Morale" eraus bruecht, Domat war hien op grousser Tour duerch d'Belsch, Frankräich an och Lëtzebuerg,. Mat senger 2. EP "Morale 2" steet eng weider Tour um Programm - mat Optrëtter op grousse Festivaller wéi den Printemps de Bourges oder Dour Festival.
L'or du commun, Caballero
Lauschtert eran: