Eldoradio Exklusiv - 24. MeeLiam Payne - Strip That Down (feat. Quavo)

"Strip That Down" heescht d'Debüt-Single vum Liam Payne.

Leschten Update: 25.05.2017, 09:04:17

Fakten
De britesche Kënschtler an One Direction Member Liam Payne presentéiert mat “Strip That Down” seng Debütsingle, déi zesumme mam Migos-Rapper Quavo entstanen ass. Geschriwwen gouf d'Lidd net just vum 23 Joer ale Museker selwer, mee och den Ed Sheeran huet zesumme mam Steve Mac d'Lyrics perfektionéiert.

Aussergewéinleches
An engem Interview erkläert den Liam , dass hien eigentlech ni wëlles hat, als Solokënschtler ee Song ze veröffentlechen.  An der Paus vun One Direction wollt hien eigentlech just als Songwriter fir aner Kënschtler täteg sinn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
One Direction, Zayn, Harry Styles, Justin Bieber

Lauschtert eran: