
Fakten
Lidder, déi gutt Laun verbreeden- dofir ass den däitsche Sänger Mark Forster bekannt. Mat der Single "Sowieso" ass him nees ee Gutt-Laun-Hit gelongen. De Message vum Lidd ass kloer: Och wann een e puer schlecht Deeg hannerteneen huet - um Enn gëtt alles gutt!
Aussergewéinleches
De Mark Forster war am Joer 2016 deen erfollegräichste Museker an den däitschen Charts nom Justin Bieber.
Fréier Hits
Enn 2013 ass de Mark Forster fir d'éischt an der Ëffentlechkeet opgedaucht, wéi hien de Refrain vun "Einer dieser Steine" fir de Sido gesongen huet. Dono hat hien mat Singelen wéi "Au Revoir", "Flash Mich" an "Wir Sind groß" weider Hits.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Max Giesinger, Tim Bendzko, Andreas Bourani
Lauschtert eran: