
De Ben Drew alias Plan B mellt sech no 5 Joer zréck. "In The Name Of Man" heescht di nei Single, déi als "Hottest Record" bei BBC Radio 1 Premiere gefeiert huet. D'Lidd proposéiert e Mix aus Gospel a Soul- dobäi gëtt et ee gewinnt sozialkritesche Message.
Fréier Hits
International bekannt gouf de Plan B 2010 mam Song "She Said", dee sech a verschiddenen Charts héich plazéiere konnt. Säin 2. Album "The Defamation of Strickland Banks" huet sech bannent enger Woch a Groussbritannien iwwer 100.000 mol verkaaft. Domat huet hien Plaz 1 an de UK Albumcharts erreecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Maverick Sabre, Labrinth, John Newman