Eldoradio Exklusiv - 30. MeeThe Amazons -Junk Food Forever

Di britesch Rockband presentéiert mat "Junk Food Forever" eng nei Single aus dem Debütalbum

Leschten Update: 30.05.2017, 05:01:01

Fakten
De 26. Mee huet di britesch Band The Amazons hiren Debütalbum eraus bruecht. Als aktuell Single presentéiert de Quartett aus Reading den Titel „Junk Food Forever“.

Fréier Hits
Mat haarde Gittaren an enger enormer Energie hunn sech The Amazons a kuerzer Zäit zu engem vun den Top-Newcomer-Acts an Europa etabléiert. Hiren Debütalbum gouf mat vill Spannung vun der europäescher Presse erwaart, The Amazons sinn längst op den Hotlists vu villen etabléierten Plattformen a Medien.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Amazons hu fir d'éischt mat der Demo „Something In The Water“ op Soundcloud op sech opmierksam gemaach an domat ee kléngen Hype ausgeléist. 2015 sinn si als Support-Act mat The Kooks op Tour gaangen. Rage Against The Machine, Nirvana oder Led Zeppelin nennen di 4 als Afloss.

Lauschtert eran: