
Nodeems de Cro zejoert mat „Unsere Zeit ist jetzt“ säin éischte Kinofilm eraus bruecht huet, steet lo nees ee musikalesche Projet un. Op senger neier Single „Baum“ kuckt de Cro no engem Autosaccident nach eemol zréck op säi Liewen. Vun senger Geburt iwwert seng éischt Léift bis zu sengen Impressiounen, déi hien als Cro erlieft hat. Et belift ofzewaarden, ob „Baum“ ee Virgeschmaach op een neien Album ass.
Fréier Hits
Mat der Single "Easy" huet de Cro 2012 een éischte groussen Hit gelant. Och di 2. Single "Du" war en Erfolleg, grad wéi d'Single "Einmal um die Welt". Den Debütalbum huet sech méi wéi eng Millioun mol verkaf. 2014 huet de Cro mat de Singelen "Traum" a "Bad Chick" op en neits d'Charts gestiermt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sido, Fettes Brot, Mark Forster