Eldoradio Exklusiv - 6. JuniBeatsteaks - I Do

D'Beatsteaks presentéieren mat "I Do" déi 1. Single aus hirem 8. Studioalbum "Yours"

Leschten Update: 06.06.2017, 06:31:02

Fakten
Deen 8. Studioalbum vun de Beatsteaks mam Titel "Yours" kënnt den 1. September 2017 eraus. Et ass deen éischten neien Album vun der Band zanter 3 Joer . Dem Pressecommuniqué no ass den Album "ee stilistesch enorm breet opgestallt Wierk, dat all di musikalesch Facetten vun de Beatsteaks weist. Et gëtt illuster Invité'en, e puer Produzenten – dee komplette Beatsteaks-Universum an 21 Songs". Exemplaresch fir deen neie Sound steet di éischt Single "I Do": De Song fänkt mat Handclaps an engem coolen Dance-Groove un, ier en sech mat dynamesche Gittaren zu enger positiver Beatsteaks-Hymne entwéckelt.

Fréier Hits
Den Duerchbroch hat di Berliner Band am Joer 2004 mam Album "Smack Smash", a besonnesch mat der 2.  Singleauskopplung "I Don’t Care as Long as You Sing". Dono haten d'Beatsteaks mat "Cut Off the Top",  "Meantime", "Boombox" weider Hits .

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kraftklub, Die Äerzte, Die Toten Hosen


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Beady Eye, Johnny Marr, Noel Gallagher

Lauschtert eran:


Links