
De Liam Gallagher, legendäre Ex-Frontmann vun Oasis, bréngt am Oktober säin neie Solo-Album "As You Were" eraus – an elo scho gëtt et di 1. Single "Wall of Glass". "I don't mean to be unkind/ But I see what's in your mind", léisst eis de Liam Gallagher an dësem Song wëssen.
Fréier Hits
Di gréissten Hits hat de Liam Gallagher mat senger Band Oasis. Schonn den Debütalbum "Definitely Maybe" hat et 1994 direkt un d'Spëtzt vun de briteschen Album-Charts gepackt a gëllt als Klassiker vun der Britpop-Ära. Deen 2. Album "(What’s the Story) Morning Glory?" war deen meescht verkaafte Studioalbum a Groussbritannien.
Aussergewéinleches
D'Rumeuren ronderëm eng Oasis-Reunion kréien keen Enn. Et gëtt elo spekuléiert, dass Oasis als Iwwerraschungsgäscht beim Ariana Grande sengem Benefice-Concert dëse Sonndeg zu Manchester optrieden.