
© afp
De 16. Juni bréngt d'Lorde säin neien Album "Melodrama" eraus. 2 Lidder dovu kenne mer schonn: "Liability" an "Green Light". Elo presentéiert d'Lorde mat "Perfect Places" eng weider Single. De Musikmagazine "Billboard" feiert "Perfect Places" schonn als Hymne vum Summer.
Aussergewéinleches:
An engem Post op Facebook erkläert d'Grammy-Gewënnerin wéi d'Lidd entstanen ass: “Dee leschte Summer konnt ech d'Gefill net lass ginn, dass all Persoun déi ech kennen op der Sich war. D'Mënschen hu probéiert sech vun den News ze distanzéieren, si laanscht d'Strooss gaangen an haten e Gedrénks dobäi, wat si op eng aner Plaz bruecht huet. Dëse Song also ass am endlose Krees vun den Nuechten an der Hëtzt vum Summer entstanen. Et huet éiweg gedauert, bis e perfekt war. ”
Fréier Hits
"Royals" aus dem Joer 2013 war dem Lorde säin éischten Nummer 1 Hit. Weider Hits vun der Sängerin waren "Tennis Court", "Yellow Flicker Beat" an "Green Lights".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Charli XCX, Tove Lo, Dua Lipa