Eldoradio Exklusiv - 8. JuniGrizzly Bear - Mourning Sound

Grizzly Bear presentéieren déi 1. Single aus hirem neien Album Album “Painted Ruins”

Leschten Update: 19.07.2017, 11:42:22

Fakten
Am August soll deen neien Album “Painted Ruins” eraus kommen. Mat “Mourning Sound” gëtt et lo di aktuell Single.

Aussergewéinleches:
Nieft hirer Musek gëtt et bei Grizzly Bear och ëmmer mol nees politesch. Am leschten US-Wahlkampf huet d'Band de  Bernie Sanders ënnerstëtzt, dee fir d'Demokraten als Presidentschaftskandidat an d'Course gaangen war

Fréier Hits

2012 gouf et dee leschten Album “Shields” vun dëser Band aus Brooklyn. Mat deem Album waren Grizzly Bear och engem méi grousse Publikum bekannt ginn. Hir Concerten goufen ëmmer méi grouss an Grizzly Bear waren bei sou zimlech all US-Late Night Show invitéiert - egal ob David Letterman, Jimmy Fallon oder Ellen DeGeneres.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Fleet Foxes, Bon Iver, Arcade Fire

Lauschtert eran: