
De Mikey Mike gesäit sech gären selwer op Sichplakater: "Have You Seen This Man?" oder och "Wanna Be Friendz?" Dass hien gären seng eegen Saach duerchzitt, weist hien och a senger neier Single "Doin' Me" - ee Lidd wat vum legendäre Produzent Rick Rubin produzéiert gouf. Et ass ee Pop-Song deen extrem haart kléngt, iwwerproduzéiert mat sou ville Beats a Sounds wéi et nëmme geet.
Aussergewéinleches:
Fir de Video zu senger éischter Single "Doin' Me" huet de Miukey Mike d'Stroossen vun Los Angeles mat engem gefälschten Sichplakater zougepäscht: "Have you seen this man? Owes 2.3 million dollars in child support", stoung do geschriwwen, zesumme mat enger Foto vun him. Natierlech alles Quatsch, awer mat deem Video krut de Mikey vill Opmierksamkeet.
Fréier Hits
"Doin' Me" ass dem Mikey Mike seng éischt Single. D'Lidd huet et scho ganz wäit fir an d'Spotify Viral Charts gepackt, ausserdeem ass de Song am neien Publicitéitsspot vun Canon ze héieren,
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hoodie Allen, G-Eazy, Chiddy Bang