Eldoradio Exklusiv - 8. SeptemberOffaiah Feat. Shenseea: Run This Town

De Produzent Offaiah ass zréck mat enegm weideren Dancefloor-Hit

Leschten Update: 08.09.2017, 04:07:02

Fakten
Den dänesche Produzent Offaiah ass zréck mat "Run This Town" - eng Single déi hien zesumme jamaikaneschen Dancehall-Museker Shenseea opgeholl huet.

Fréier Hits
De Produzent Offaiah huet zejoert säin Debütalbum "Trouble" eraus bruecht, mat deem hien d'Dancefloors op der ganzer Welt - vun Ibiza iwwer London bis Miami a  Kapstadt gestiermt huet. De Succès war awer net just op d'Nightlife-Szene limitéiert. Seng Singel "Trouble" war och en allgemengen Hit an den Charts. 26 Millioune Streams op Spotify kann d'Lidd notéieren an et war op Plaz 10 vun de meescht gespillte Lidder bei BBC Radio 1 am Joer 2016. 

Lauschtert eran: