Eldoradio Exklusiv - 15. SeptemberWolf Alice - Beautifully Unconventional

Di britesch Alternativ Rockband Wolf Alice presentéiert Enn September e neien Album an huet elo eng nei Single prett.

Leschten Update: 15.09.2017, 00:02:02

© BEN STANSALL / AFP

Fakten
Am August vum leschte Joer hunn d'Londoner Museker vu Wolf Alice zu Lëtzebuerg am Atelier gespillt, a Lidder aus hirem Debutalbum presentéiert.

De 29. September kennt hiren 2. Album "Visions of a Life" eraus. Mat "Beautifully Unconventional" presentéiere si elo den 3. Song aus dem Album. Am Hierscht ginn d'Briten dann och erëm an Europa op Tour. 


Aussergewéinleches:
De Videoclip zu der neier Wolf Alice Single ass Vintage an hëlt eis mat zréck an d'50er Joren. Den Dress an d'Frisur vun der Sängerin Ellie Roswellsoll soll un d'Wiona Rider am 80er Jore Film "Heathers" erënneren.

Fréier Hits
Fir en Chart-Hit ass et fir d'Briten bis haut nach net duergaangen. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Haim, Guano Apes & The Asteroids Galaxy Tour

Lauschtert eran: