
© JEAN CHRISTOPHE MAGNENET / AFP
Fakten
Fir eng éischte Kéier huet de Macklemore en Album ouni säi Produzent Ryan Lewis erausbruecht. Drop sinn eng ganz Rëtsch Gaaschtmuseker wéi d'Skylar Grey an d'Kesha. A genau dat Kesha iwwerrascht an der neier Single mam Macklemore. Dem Kesha säin Deel ass ongewinnt roueg fir d'Musekerin. Am Song rechnen di zwee mat hirem 16-Järegen Ech of. Dat war zu enger Zäit wou jiddereen emol eng Kéier wollt séier erwuesse ginn.
Aussergewéinleches:
D'Kesha war ganz zoufälleg am Macklemore senger Heemecht Seattle a wollt amfong en Dag Paus aleeën, ma et huet sech awer dozou iwwerriede gelooss bei de Macklemore an de Studio ze fueren. No e puer Stonne war de Song fäerdeg. D'Resultat kann sech weise loossen.
Fréier Hits
De Macklemore huet am Joer 2011 mam Album "The Heist" a Lidder wéi "Can't Hold Us" an "Thrift Shop" den Duerchbroch gepackt. D'Kesha hat säin éischte groussen Hit schonn 2009. Dat war "Tik Tok".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rihanna, Childish Gambino & Jason Derulo
Lauschtert eran: