Eldoradio Exklusiv - 10. OktoberCharlie Puth - How Long

"How Long" heescht di nei Charlie Puth Single. Mat "VoiceNotes" kennt am Januar och e neien Album.

Leschten Update: 10.10.2017, 00:02:00

© Eldoradio

Fakten
Mat "Attention" huet den Charlie Puth an dësem Joer d'Charts gestiermt, a stoung de 24. Juni och fir eng Woch op der Plaz 1 vum Eldo Chartbreaker. Elo ass di nei Single "How Long" do. Am Song, deen e funkesche Beat huet, mëscht de Museker der Frëndin e Geständnis: Hien ass him friemgaangen. 

Mat "VoiceNotes" kennt de 19. Januar 2018 e neien an 2. Charlie Puth Album eraus. Säin Debutalbum "Nine Track Mind" ass Ufank 2016 erauskomm gewiescht. 

Fréier Hits
Mat "See You Again", un der Säit vum Wiz Khalifa huet den Charlie Puth 2015 fir eng éischte Kéier op sech Opmierksam gemaach. De Song sollt zu engem Mega-Hit ginn. E neie Youtube-Rekord gouf opgestallt an d'Lidd sollt och fir direkt 3. Grammy-Awards nominéiert ginn. 
"Marvin Gaye", "One Call Away" an och "Attention" si weider Charlie Puth-Hits. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Shawn Mendes & Justin Bieber


Lauschtert eran: