
© YOSHIKAZU TSUNO / AFP
Fakten
Nom Dout vum Linkin Park Sänger Chester Bennington, am Juli dëst Joer, presentéiere seng Bandkollegen elo eng nei Single aus dem Album "One More Light". De Song heescht wéi den Album, deen am Mee erauskomm ass. Déi nei Single ass eng ganz roueg.
Aussergewéinleches:
Inspiréiert un engem Fan-Video, deen d'Band kuerzerhand zum offizielle Lyric-Video erkläert huet, ass "One More Light" elo di nei Single vu Linkin Park. Am offizielle Clip gesäit ee Biller aus dem Chester sengem Bandliewen.
De 27. Oktober gëtt iwwerdeems en Gedenkconcert fir den Chester Bennington zu Los Angeles ofgehalen. Mat dobäi sinn e.a Blink 182, System of a Down an och Korn.
Fréier Hits:
Mat hirem Debutalbum "Hybrid Theory" si Linkin Park am Joer 2000 weltwäit duerchgestart. Um Album ass e.a "In The End" drop. 3 Joer méi spéit ass den Album "Meteora" mat den Hits "Numb" an och "Breaking the Habit" erauskomm. Fir "Numb/Encore" zesumme mam Jay-Z a "Crawling" huet d'Band all Kéier e Grammy Award kritt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Limp Bizkit, Imagine Dragons & Papa Roach
Lauschtert eran: