Eldoradio Exklusiv - 24. OktoberMGMT - Little Dark Age

No 4 Joer Paus si MGMT zréck mat hirer Comeback-Single "Little Dark Age"

Leschten Update: 24.10.2017, 05:42:02

Fakten:
4 Joer Zäit gelooss hu sech den Andrew VanWyngarden an de Ben Goldwasser vu MGMT, fir hir nei Single “Little Dark Age” eraus ze bréngen. De Sound vun deemools hunn si hannert sech gelooss a setzen elo op 80er Synthie-Kläng, déi sou richteg schéin düster kléngen. Den Album zu “Little Dark Age” kënnt d'nächst Joer. Et ass schonn dee 4. Album. 

Fréier Hits:
MGMT haten 2008 3 Hits op hirem Album "Oracular Spectacular": "Time to Pretend", "Electric Feel" a "Kids"

Aussergewéinleches:
Am Februar 2009 gouf bekannt, dass d'Band d'Partei vum deemoolege franséische Staatspresident Nicolas Sarkozy wéinst engem Verstouss géint d'Droits d'Auteuren op eng Entschiedegung wollte verkloen. D'Partei hat ouni Erlabnis vun der Band hiet Lidd "Kids" e puer mol am  Wahlkampf benotzt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tame Impala, Phoenix, Foster The People

Lauschtert eran: