
Fakten:
Den australesche Singer/Songwriter Hayden James presentéiert mam Titel "Numb“ eng nei Single- een duusse groovege Song iwwert d'Thema Léift - a Begleedung vun der australescher Sängerin Graace.
Fréier Hits:
Och wann ee seng eege Lidder kann op enger Hand ofzielen, ass den Hayden James net liddereg. Hien schreift ënner anerem och Songs fir d'Katy Perry, z.B. den Hit "Déjà Vu“.
Aussergewéinleches:
Den Hayden James hält et mat senge Lidder, wéi ee Bestsellerauteur mat senge Bicher: ee Release pro Joer muss duer goen, fir den Hype ze erhalen an d'Fans glécklech ze machen. Bei senge Lidder handelt et sech ëmnmer ëm een ausgeschafften Down-Tempo-Electro-Pop-Song mat R’n'B-Aflëss an engem gewëssen Touch.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Zhu, Filous, Klingande
Lauschtert eran: