
Fakten:
Di jonk Multiinstrumentalistin Natasha Sultana gëtt de Moment als neit grousst Talent gefeiert. Hatt huet seng Originnen am Reggae an am Folk, an der klassescher Singer/Songwriter-Traditioun grad wéi am R’n’B a bréngt et fäerdeg, mat senger magescher Stëmm ee ganz eegene Sound ze schaafen.
Fréier Hits:
Zu Melbourne huet d'Tash Sultana jorelaang seng Suen als Stroossemusekerin verdéngt. Zejoert huet hatt domat ugefangen, a senger Stuff Videoen vu senge Livesessions ze dréien. Seng "Live Bedroom Recording"-Clips goufen an de sozialen Netzwierker ëmmer weider gedeelt. Dono ass et ganz séier gaangen : Seng 1. EP "Notions" huet et op Platz 8 vun den australeschen Charts gepackt. Dëst Joer gouf d'Tash Sultana mat "Murder to the Mind" och an Europa bekannt.
Aussergewéinleches:
Dass d'Tash Sultana ee grousst Talent ass, weess een an Australien scho laang. Seng Singelen "Jungle" an "Notion" hunn et hei an d'Toprotatioun gepackt vun de Radiosenderen. Seng "Notion EP" ass op Plaz 11 gelant vun den ARIA Album Charts.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Gipsy and the Cat, Big Scary, Pnau
Lauschtert eran: