Eldoradio Exklusiv - 31. OktoberLiza Anne- Paranoia

Di amerikanesch Folksängerin presentéiert eng nei Single aus dem Album „Fine But Dying“.

Leschten Update: 31.10.2017, 05:41:01

Fakten:
D’Liza Anne ass eng Folksängerin aus den USA. Ënnert dem Titel „Fine But Dying“ huet d’Liza Anne sech dësen Hierscht zréck gemellt- mat sengem 3. Studioalbum. "Paranoia" ass di nei Single.

Fréier Hits:
Ee richtegen Hit hat d'Liza Anne nach net, awer säi Mix aus Folk an Indiepop krut bis ewell ganz gutt Kritiken.

Aussergewéinleches:
Am Alter vu just 19 Joer huet hatt virun 7 Joer säin 1. Album eraus bruecht. Deemols ass hatt nach an d’Schoul gaangen, huet awer kuerz drop decidéiert, d’Schoul ofzebriechen a sech ganz op seng Musekscarrière ze konzentréieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Luke Sital-Singh, Rae Morris, Lola Marsh

Lauschtert eran: