Eldoradio Exklusiv - 3. NovemberClean Bandit ft Julia Michaels- I Miss You

Clean Bandit presentéieren hire gewinnte Mix aus Elektro a Pop an hunn dofir d'Sängerin Julia Michaels als Gaaschtsängerin invitéiert.

Leschten Update: 03.11.2017, 04:30:01

Fakten:
Eigentlech braucht d'Julia Michaels jo keen, deen him seng Lidder schreift. Bis elo war et éischter hatt, wat deenen aneren Leit Hits geschriwwen huet, zum Beispill dem Justin Bieber oder Kelly Clarkson. Mee fir  "I Miss You“ huet sech d'US-Amerikanerin gären iwwerriede gelooss, Clean Bandit seng Stëmm ze léinen, well dee Song  ass wéi gemaach fir hatt. Et ass eng Pianoballade, gemëscht mat Tropical Sounds.

Fréier Hits:
Mat der Single "Issues“ hat d'Julia Michaels säin éischten eegenen Hit. Clean bandit haten schonn e sëllechen Hits, dorënner "Symphony", "Rockabye", an "Rather Be".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Camila Cabello, Dua Lipa, Halsey

Lauschtert eran: