
Fakten:
Op senger neier Single "Penthouse Floor" gëtt den John Legend vum Chance The Rapper begleet. D'Lidd ass um John Legend sengem aktuellen Album "Darkness & Light" ze fannen. Et ass dee mëttlerweil 5. Studioalbum vum amerikanesche Sänger.
Fréier Hits:
Den John Legend hat an de leschten 10 Joer e sëllechen Hits- dorënner Titelen wéi "P.D.A", "Save Room", "Ordinary People", an "All of Me".
Aussergewéinleches:
Och an der Filmbranche ass hien aktiv: 2012 huet den John Legend den Titel “Who Did That to You” zum Quentin Tarantino-Film “Django Unchained” bäigesteiert. 2016 krut hien eng Roll am Filmmusical “La La Land”. Mam Ariana Grande huet hien am Duett d‘Titelmusek fir de Musical „The Beauty And The Beast“ gesongen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bruno Mars, Aloe Blacc, Frank Ocean
Lauschtert eran: