Eldoradio Exklusiv - 10. NovemberStelartronic & Anduze - Press My Luck

Den éisträichesche Museker Parov Stelar presentéiert mat sengem Nieweprojet "Stelartronic" eng nei Single.

Leschten Update: 10.11.2017, 04:53:02

Fakten:
Den éisträichesche Museker Marcus Füreder ass ënnerwee ënnert sengem Kënschtlernumm Parov Stelar. Hien huet awer och nach de Sideprojekt "Stelartronic & Anduze" gegrënnt, wou hien haaptsächlech als Produzent am Hannergrond agéiert. Als Frontmann gouf den US-amerikanesche Sänger Lee Anduze engagéiert.

Fréier Hits:
Déi éischt Single "When I Find My Love" konnt sech 2016 zu engem Streaming-Hit entwéckelen. Mat "Press My Luck" ass elo déi 2. Single um Marché. Béid Lidder sinn um Debütalbum ze fannen, deen och schonn 2016 eraus komm ass.

Aussergewéinleches:
Laang ier de Marcus Füreder als "Parov Stelar" opgetrueden ass, war hien als erfollegräichen DJ an der Club-Szene ënnerwee. Genee un dës Zäit soll elo de Projet "Stelartronic" erënneren. Mir kréien hei den "elektroneschen Füreder" ze héieren, d'Retro-Beats vum Electroswing fënnt een hei net.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Zhu, Alan Walder, Jonas Blue, Faul

Lauschtert eran: