
Fakten:
D'Beyoncé huet laang näischt vu sech héiere gelooss, mee lo ass hatt zréck. Net mat engem eegene Song, mee um Eminem senger neier Single "Walk On Water". Den Eminem hat de Song an de sozialen Netzwierker mat vill Opwand ugekënnegt. Hien huet Trailer erop gelueden, eng Virbespriechung vum Lidd gepoust an eenzel Songzeilen publizéiert. Den 18. November trëtt den Eminem domat an der US-Show "Saturday Night Live" op.
Fréier Hits:
Fir d'éischte Kéier huet den Eminem am Joer 1999 d'Charts erreecht mat der Single "My Name Is" an dem Album "The Slim Shady LP". Zanter sengem bis haut kommerziell erfollegräichsten Album "The Marshall Mathers LP" aus dem Joer 2000 hunn all seng Alben Héchstpositiounen an den internationalen Charts erreecht, grad wéi och seng Singelen "Stan", "Without Me", an "Love The Way You Lie". Den Eminem gëllt als deen kommerziell erfollegräichste Rapper vun aller Zäiten.
50 Cent, Dr. Dre, 2 Pac
Lauschtert eran: