Eldoradio Exklusiv - 15. NovemberTheory Of A Deadman - Rx

Di kanadesch Rockband Theory Of A Deadman presentéiert déi éischt Single aus hirem neien Album "Wake Up Call".

Leschten Update: 31.01.2018, 17:38:23

Fakten:
Theory Of A Deadman hunn de 27. Oktober hiren neien Album "Wake Up Call" eraus bruecht. Och d'Single "Rx" ass deen Dag un de Start gaangen. Opgeholl gouf dëse 6. Album vun der kanadescher Band zesumme mam Produzent Martin Terefe. Thematesch geet et ëm eescht Themen wéi Drogemëssbrauch.

Fréier Hits:
Theory of a Deadman hunn am Joer 2002 hiren Debütalbum eraus bruecht. Mat den zwou Singelen „Nothing Could Come Between Us“ an  „Make Up Your Mind“ hat si een éischte Mainstreamerfolleg. Mat "Bad Girlfriend" hate si 2008 hir bis ewell erfollegräichst Single.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Shinedown, 3 Doors Down, Nickelback

Lauschtert eran: