Eldoradio Exklusiv - 16. NovemberRita Ora - Anywhere

Nom Hit "Your Song" presentéiert d'Rita Ora mat "Anywhere" elo déi 2. Single aus sengem neien Album "RO2".

Leschten Update: 16.11.2017, 04:10:02

Fakten:
5 Joer nom Platin-Debüt "Ora" steet elo geschwënn een neien Album vun der Sängerin am Buttek. Di éischt Single-Auskopplung "Your Song" ass mat iwwer 200 Millioune Streams op Spotify a 42 Millioune Views op YouTube schonn e groussen Erfolleg. Ee grousse Succès soll lo och den Titel "Anywhere" ginn. Et ass déi 2. Single aus dem neien Album "RO2", deen d'nàchst Joer eraus kënnt.

Aussergewéinleches:
Am neien Titel "Anywhere" geet et drëm, aus der gewéinleher Alldagsroutine auszebriechen an eppes z'erliewen.

Fréier Hits
Säin Debütalbum hat et bis op Plaz 1 vun de briteschen Charts gepackt a mat  "I Will Never Let You Down" hat d'Rita Ora ee vun de gréissten Hits vum Joer 2014 gelant.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jessie J, Rihanna, Natalia Kills

Lauschtert eran: