
Fakten:
Déi britesch Band "Black Honey" huet fir Mëtt 2018 hiren éischten Album ugekënnegt. Mam Titel „Dig“ presentéiert d'Band déi éischt Single.
Fréier Hits
Black Honey kommen vu Brighton an England, spillen Rockmusek an oche bëssen Indie, Pop, Garage a Surf. Aktuell generéieren si an der britescher Musikszene lues a lues ëmmer méi Opmierksamkeet. An dat, obwuel d'Band bis haut nach ouni Debütalbum do steet.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Wolf Alice,Circa Waves, Mystery Jets