Eldoradio Exklusiv - 22. NovemberEmpire Of The Sun - Way To Go

Empire Of The Sun presentéieren eng nei Single aus hirem mëttlerweil 3. Studio-Album “Two Vines”.

Leschten Update: 31.01.2018, 17:38:35

Fakten:
Ënnert dem Titel “Two Vines” hunn Empire Of The Sun hire mëttlerweil 3. Studio-Album eraus bruecht. Den australeschen Duo huet “Two Vines” komplett op Hawaii produzéiert. "Way to Go" ass hir nei Single.

Aussergewéinleches:
Empire of the Sun gouf 2007 gegrënnt vun 2 australesche Museker déi alle béid nach eng aner Band hunn: de Luke Steel ass Sänger vun der Alternative-Rockband "The Sleepy Jackson", an den Nick Littlemore ass ee vun den 2 Memberen am Duo "Pnau".

Fréier Hits
Mat der Single "Walking on a Dream" gouf den australecshen Duo 2008 bekannt. Ee Joer dono haten d'Museker mat hirer 2. Single "We Are the People" nach méi e grousse Succès an hunn et an Däitschland souguer un d'Spëtzt vun den Charts gepackt. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Capital Cities, Gypsy & The Cat, Bag Raiders

Lauschtert eran: