Eldoradio Exklusiv - 24. NovemberTy Dolla $ign & Future Feat. Kiiara - Darkside

Den amerikanesche Rapper Ty Dolla $ign presentéiert een Extrait aus dem Netflix-Film "Bright".

Leschten Update: 31.01.2018, 17:38:46

Fakten:
Den Ty Dolla $ign an de Future epresentéieren mam Titel “Darkside” eng Single aus dem "Bright"-Soundtrack. D'Sängerin Kiiara ass fir de Gesang responsabel. “Darkside” ass déi éischt Single aus dem Album "Bright: The Album". Heirobber ze fannen sinn ausserdeem Lidder vun A$AP Rocky, Lil Uzi Vert, Logic, Meek Mill, Migos, Snoop Dogg, an Camila Cabello. "Bright" ass den 22. Dezember op Netflix ze gesinn, an de  Soundtrack kënnt den 13. Dezember eraus.

Aussergewéinleches:
"Meng Musek beschreift eng Stëmmung", seet den Ty Dolla $ign. "It's R&B hat you can fuck to, not make love to." 

Fréier Hits
An den leschten Joeren war den Ty Dolla $ign och fir aner Museker aktiv, zum Beispill als Co-Auteur vun "Young, Wild & Free" vum Snoop Dogg & Wiz Khalifa. Hien huet awer och u senger eegener Carriere geschafft an eng Serie vu Mixtapes eraus bruecht. Enn 2013 huet hien e puer eege Singelen eraus bruecht. Mam Song "Paranoid", deen zesumme mam B.o.B entstanen war, huet hien et eng éischte Kéier an d'Singlecharts gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
French Montana, DJ Khaled, Wiz Khalifa

Lauschtert eran: