
Fakten:
Concerten, Cluboptrëtter a vill Festivaler - 2017 war een erfollegräicht Joer fir di 2 Bridder Tom an Ian Griffiths, besser bekannt als Icarus. Elo presentéiert de briteschen Duo mam Titel "No Sleep" eng nei Single. No engem kuerzen Vintage-Breakbeat, hëllt eng warem Fraestëmm an een Old-School-Piano eis mat op eng Rees duerch eng Stadt déi net schléift.
Aussergewéinleches:
"No Sleep" kléngt zwar no Underground, begeeschtert awer och di ganz grouss Radiostatiounen. Radio 1 beschreift hire Sound als “fast becoming the masters of emotive dance music”.
Fréier Hits
Souwuel den Ian wéi och den Tom hu schonn an anere Bands gespillt (den Ian als Gittarist, den Tom als Bassist), ier si e gemeinsame Projet gegrënnt hunn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sigma, Rudimental, Netsky
Lauschtert eran: