
Fakten:
De Van William ass een amerikanesche Museker, deen als éischt an den zwou Indiebands "Waters" an "Port O'Brien" aktiv war. Mëttlerweil ass hien solo ënnerwee an huet zesumme mam schwedeschen Duo First Aid Kit d'Single "Revolution" eraus bruecht.
Aussergewéinleches:
De Van William huet den Titel "Revolution" zesumme mam schwedeschen Schwësteren-Duo First Aid Kit matten am schlëmmste Liebeskummer geschriwwen. Deen duusse waarem Folksound täuscht deemno: De Song erzielt vun enger Bezéiung, déi op en Enn gaangen ass.
Fréier Hits:
De Van William ass een nach onbekannten Singer Songwriter a Kalifornien. Seng éischt Solo-Single "Revolution" weist awer, dass et sech ëm ee grousst Talent handelt. D'Single huet Plaz 6 vun de "Billboard Adult Alternative Charts" erreecht. De Van William geet am Mäerz 2018 iwwregens zesumme mat First Aid Kid op Däitschland-Tour.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The New Radicals, The Strumbellas, Gavin James
Lauschtert eran: