
Fakten:
Den Album "Beautiful People Will Ruin Your Life" kënnt den 9. Februar eraus. Eigentlech wollten The Wombats mat hirem neien Album op Electro-Sounds a Synths verzichten an dat hunn si gréisstendeels fäerdeg bruecht – mat Ausnam vun der Single "Turn". De Song ass zu New York entstanen an wéi de Frontmann Matthew “Murph” Murphy seet, ass et deen elektroneschste Song um Album ginn.
Aussergewéinleches:
An der neier Single gëtt den Drake kuerz gedroppt. "They say the best memories are the ones that we forget, like listening to Drake at your best friends swimming pool". Dat ass wierklech sou passéiert, seet de Murph an dowéinst huet da missen mat an de Songtext – well den Drake huet d'Museker eben inspiréiert.
Fréier Hits:
Di 3 Museker komme vu Liverpool a maachen Indierock. An de leschte Joren hunn si scho Singelen gelant wéi "Moving to New York" oder "Tokyo (Vampires & Wolves)".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Kooks, Tow Door Cinema Club, The Hoosiers
Lauschtert eran: