
The Glorious Sons ass eng Rockband aus Ontario/Kanada. Kapp vun der Band sinn di Bridder Brett an Jay Emmons. 2017 hunn The Glorious Sons hiren 2. Album "Young Beauties & Fools" eraus bruecht. Do ass och di aktuell Single "Everything Is Alright" drop.
Fréier Hits:
D'Geschicht vun der Band Glorious Sons fänkt 2011 un, wéi de Brett Emmons d'Schoul ofbrécht, fir mat sengem grousse Brudder Jay eng Band ze grënnen. Séier fannen si mam Gittarist Andrew Young, dem Bassist Chris Huot an dem Drummer Adam Paquette di passend Memberen. 2013 kënnt di 1. EP „Shapeless Heart“, mat där d'Glorious Sons zum neie Rock-Geheimtipp a Kanada avancéieren. Am Joer dono kënnt deen 1. Album „The Union“ an domat gëtt d'Band zur neier kanadescher Radio-Sensation: Ganzer 7 Songs vum Debütalbum klammen an d'Top 10 vun de kanadesche Radio-Playlëschten, den Album gëtt fir de renomméierten Juno-Award nominéiert. Och di nei Single „Everything Is Alright“ huet bis op Plaz 2 vun de kanadesche Rock-Charts gepackt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Theory of a Deadman, Shinedown, Kid Rock
Lauschtert eran: