
Fakten:
Den australesche Singer/Songwriter James Keogh alias Vance Joy huet no "Lay It On Me" an "Like Gold" een 3. Song aus sengem neien Album "Nation of Two" ausgekoppelt. Den Album soll den 23. Februar eraus kommen. "We're Going Home" ass den Titel vun der neier Single, an där de Museker iwwert dat ganz besonnescht Gefill séngt, heem ze kommen: "We're going home, if we make it or we don't / We won't be alone / When I see a light shine, I know I'm home".
Aussergewéinleches
Den James Keogh huet een Unis-Ofschloss am Droit an hien huet tëscht 2008 an 2009 an der Défense fir den Australian-Football-Club Coburg Tigers gespillt.
Fréier Hits
Bekannt ass hien vrun allem fir säi weltwäiten Erfolleg vun der Single "Riptide", déi an Australien de Rekord fir di längsten Verweildauer an den Charts hält. Och international war d'Lidd e groussen Hit.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Lumineers, George Ezra, Mumford&Sons