
Fakten:
De Produzent Gryffin huet mat sengen eegene Lidder a Remixer scho vill Fans dobäi gewonnen. Vru kuerzem huet hien seng nei Single “Nobody Compares To You“ eraus bruecht. D'Lidd gouf zesumme mat der Sängerin Katie Pearlman produzéiert. Hiren Numm huet een, am Géigesaz, zu deem vum Gryffin, nach net sou of héieren.
Aussergewéinleches
De Gryffin huet eng klassesch Piano-Ausbildung an sech als Kand selwer geléiert Gittar spillen Hien huet a verschiddene Bands gespillt, ier hien während senger Studentezäit ugefaangen huet, u senger eegener Musek als "Gryffin" ze schaffen.
Fréier Hits
Den amerikaneschen DJ, Produzent a Museker Dan Griffith, ass am Showbiz als Gryffin ënnerwee. Zejoer huet hien seng Debüt-Single "Heading Home" eraus bruecht an ass prompt op Plaz 1 vun de Spotify Viral Charts gelant. Musek mécht den Dan allerdéngs schonn zanter 2014: Vrun allem mat senge Remixer zu Lidder vun Tove Lo, Maroon 5 oder Years & Years hat hien grousse Succès. De Gryffin fillt sech an der "Melodic House"-Szene doheem a léisst am léifsten Piano a Gittare-Klänge a seng Lidder mat afléissen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Feldt, the Chainsmokers, Filous