Eldoradio Exklusiv - 29. JanuarJoan As Police Woman- Tell Me

Di amerikanesch Sängerin presentéiert déi 1. Single aus hirem neien Album “Damned Devotion”.

Leschten Update: 29.01.2018, 05:23:21

Fakten:
Di amerikanesch Sängerin a Violinistin Joan Wasser mécht sait10 Joer Musek ënnert sengem Kënschtlernumm “Joan As Police Woman“. Stilistesch kann ee seng Lidder als Songwritersoul bezeechnen. Fir den 9. Februar ass een neien Album ugekënnegt mam Titel “Damned Devotion”. Deen Album soll d’Sängerin vun enger méi rauer an nodenklecher Säit weisen, dobäi sollen awer ëmmer nach zaitlos Melodien am Mëttelpunkt stoen. Am Virfeld presentéiert hatt déi éischt Single doraus, den Titel „Tell Me“.

Fréier Hits
Joan As Police Woman huet bis ewell 5 Alben eraus bruecht an eng Partie Singelen- dorënner d'Lidder "Flushed Chest" an "The Magic".


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Cat Power, Rufus Wainwright. Charlotte Gainsbourg

Lauschtert eran: