
Fakten:
Den 23. Mäerz bréngt den George Ezra säin neien a mëttlerweil 2. Album "Staying At Tamara's" eraus. Am Virfeld presentéiert hien déi 1. Single "Paradise". An dësem Titel séngt den George Ezra iwwert d'Gefill, verléift ze sinn.
Aussergewéinleches
Mat 18 Joer huet hien seng Musekskarriere ugefaangen. Schonn deemols ass hien wéinst senger rauer a blueseger Stëmm opgefall.
Fréier Hits
Mat sengem Hit "Budapest" huet de britesche Sänger 2014 sämtlech Charts gestiermt. D'Single huet sech bal eng hallef Millioun Mol verkaf an säin Debütalbum "Wanted on Voyage" huet Plaz 1 vun de briteschen Charts erreecht. Zejoert hat hien mat der Single "Don't Matter Now" ee weideren Hit.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Vance Joy, James Bay, Tom Odell