
Fakten
Deen 19 Joer alen Dominic Harrison alias mécht Punkrock ënnert sengem Pseudonym "Yungblud". ""Polygraph Eyes" erzielt d'Geschicht vun engem sexuellen Iwwergrëff: Ee Meedchen huet an der Disko ze vill gedronk an een Typ notzt dat aus. D'Lidd ass op der EP "Yungblud" ze fannen, déi vum Matt Schwartz (Massive Attack) produzéiert gouf.
Aussergewéinleches
Rock´n´Roll ass beim Dominic Harrison alias Yungblud wuel ugebuer. Säi Grousspapp war an de 70er als Member vun der Rockband T-Rex ee Megastar. An och de Yungblud kann d'Gittar einfach net aus dem Grapp leeën.
Fréier Hits
Mat Songs wéi "King Charles" an "I Love You, Will You Marry Me" huet de Yungblud sech an der Indierock-Szene scho bekannt gemaach. Säi séiere Gesang erënnert un den Jamie T., säi briteschen Accent un d'Arctic Monkeys, a seng Energie un The Clash.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Wombats, Walk The Moon, Maximo Park