Eldoradio Exklusiv - 2. FebruarJustin Timberlake

Haut bréngt den Justin Timberlake säin neien Album "Man Of The Woods" eraus. Mir stellen iech di nei Lidder de ganzen Dag um Eldo fir.

Leschten Update: 01.02.2018, 22:38:55

© afp

Fakten:
Dëse Freideg bréngt den Justin Timberlake säin neien Album "Man Of The Woods" eraus. 3 Lidder huet hien jo mam Virfeld scho presentéiert, "Filthy", "Supplies" an "Say Something". Dëse Freideg prseentéieren mir iech di aner nei Lidder.  

Aussergewéinleches
Den Albumrelease passt zäitlech perfekt, well dëse Sonndeg steet den Justin Timberlake och beim 52. Super Bowl op der Bühn. 


Fréier Hits
Mat 22 Joer huet den Justin Timberlake sech vum Boy-Group-Image (N'Sync) geléist an eng Solocarrière gestart. Säin Solo-Album "Justified" huet 2004 ee Grammy kasséiert, grad wéi de Song "Cry Me A River". Den Album "FutureSex/LoveSounds" (2006) huet et an USA un d'Spëtzt vun de Billboard Chats gepackt, d'Debutsingle "SexyBack" huet a ville Länner d'Spëtzepositioun an den Charts (GB/USA/D) erreecht. Dono gouf et vill erfollegräich Kollaboratiounen, zesumme mam Madonna "4 Minutes", mam Rihanna "Rehab" a mam Ciara "Love Sex Magic" (2009). Am Joer 2013 gouf et mat der Single "Suit & Tie" ee weideren Hit, och den Album "The 20/20 Experience" war ee Succès. 2016 hat hie mat "Can't Stop The Feeling" nees een Nummer 1 Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bruno Mars, Pharrell Williams, Robin Thicke

Liest hei den Eldo Album Check vum Justin Timberlake sengem "Man of the Woods"