
Fakten:
Wat passéiert, wann an enger joerelaanger Frëndschaft tëscht 2 Mënschen op eemol ee vun deenen 2 Gefiller fir deen aneren entwéckelt. A sengem neie Song "Friends" erzielt d'Anne-Marie dovun: "You say you love me, I say you're crazy / We're nothing more than friends / You're not my lover, more like a brother / I know you since we were like ten, yeah", séngt hatt iwwert ee Beat dee vum Marshmello produzéiert gouf. "Don't mess it up, talking that shit / Only gonna push me away, that's it", appelléiert d'Britin un hire Frënd. "Friends" ass déi nei Single vum Anne-Marie sengem Debütalbum deen dëst Joer eraus kënnt.
Aussergewéinleches
"Friends" ass schonn di 2. Zesummenaarbecht tëscht der britescher Sängerin an dem Electro-Prioduzent: 2016 hat de Marshmello schonn ee Remix gemaach vum Anne-Marie senger Single "Alarm", mat där d'Anne-Marie international den Duerchbroch hat.
Fréier Hits
Mat der Single "Alarm" hat d'Anne-Marie 2016 säin éischten internationalen Hit. De Marshmello war mat den Titelen "Silence" a "Wolves" scho ganz uewen an den internationalen Charts klasséiert.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Liam Payne, Alan Walker